LEKTIOUN 5
Wat huet Gott mat der Äerd wëlles?
1. Firwat huet Gott dʼÄerd gemaach?
Jehova huet dem Mënsch dʼÄerd ginn – si ass eist Doheem. Den Adam an dʼEva, déi éischt Koppel, sollten net am Himmel liewen – Gott hat schonn dʼEngele fir den Himmel gemaach (Hiob 38:4, 7). Jehova huet den éischte Mënsch an e wonnerbaart Paradis gesat, och „Gaart Eden“ genannt (1. Mose 2:15-17). Do hätt den Adam mat sengen Nokommen fir ëmmer an éiweg liewe kënnen. – Liest Psalm 37:29; 115:16.
Am Ufank war nëmmen de „Gaart Eden“ e Paradis. Déi éischt Koppel sollt déi ganz Äerd mat hire Kanner fëllen a se no an no zu engem Paradis maachen (1. Mose 1:28). DʼÄerd wäert ni zerstéiert ginn a fir ëmmer dem Mënsch säin Doheem bleiwen. – Liest Psalm 104:5.
Kuckt de Video Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?
2. Firwat ass dʼÄerd haut kee Paradis méi?
Den Adam an dʼEva hu Gott net gefollegt a sinn aus dem Gaart Eden erausgehäit ginn. DʼParadis war net méi do, a kee Mënsch konnt et zeréckbréngen. Vun do un hunn déi Béis dʼWelt am Grëff (Hiob 9:24). – Liest 1. Mose 3:23, 24.
Mécht Jehova elo net méi dat, wat hien am Ufank mat de Mënschen an der Äerd wëlles hat? Dach, hien ass allmächteg an hält säi Wuert (Jesaja 45:18). Den Dag kënnt, wou dʼMënschen esou liewen, wéi Gott et am Ufank virgesinn hat. – Liest Psalm 37:11, 34.
3. Wéi kënnt dʼParadis nees zeréck?
Jesus ass de Kinnek vu Gott sengem Räich, a bréngt dʼParadis nees op dʼÄerd zeréck. Duerch e Krich, deen „Armageddon“ genannt gëtt, lenkt a leet Jesus seng Engelen, fir all déi ze vernichten, déi sech Offenbarung 20:1-3; 21:3, 4.
géint Gott stellen. Dono gëtt den Däiwel vu Jesus fir 1 000 Joer agespaart. Gott säi Vollek iwwerlieft, well Jesus seng Hand iwwer et hält. Da kënnen dʼMënschen fir ëmmer am Paradis op der Äerd liewen. – Liest4. Wéini hält de Misär op?
Wéini hëlt Gott dat Béist vun der Äerd ewech? Jesus huet en „Zeechen“ beschriwwen, wourun ze erkennen ass, datt dʼEnn gläich kënnt. DʼWeltsituatioun vun haut ass fir de Mënsch geféierlech, a si beweist, datt „dʼEnn vun all deem no ass“. – Liest Markus 13:4, 7-13, 19-20.
Jesus setzt dem Misär en Enn, wann hie fir 1 000 Joer am Himmel iwwer dʼÄerd regéiert (Jesaja 9:6, 7; 11:9). Hien ass net nëmme Kinnek, mee och „Hohepriester“ an hëlt dʼSënne vun deene Mënschen, déi Gott gär hunn, ewech. Esou léisst Gott duerch Jesus Krankheet, Alter an Doud ophalen. – Liest Jesaja 25:8; 33:24.
5. Wie lieft eng Kéier am Paradis?
Mënschen, déi Gott follegen, wäerten am Paradis liewen (1. Johannes 2:17). Jesus huet Chrëschten den Optrag ginn, no Mënsche mat engem gudden Häerz ze sichen an hinnen ze weisen, wéi se Gott frou maache kënnen. Schonn elo bereet Jehova Millioune Mënsche vir, fir op enger paradisescher Äerd ze liewen (Zephanja 2:3). Am Kinnekräichssall vun den Zeie vu Jehova gëtt ee gewuer, wéi een als Mann a Papp oder als Fra a Mamm nach besser ka ginn. Elteren a Kanner biede Gott zesummen un, a mierken, wat fir e positiven Afloss déi gutt Noriicht op si huet. – Liest Micha 4:1-4.