Wien ass de Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich?
Gott huet verschidde Bibelschreiwer Detailer opschreiwe gelooss, un deenen een de Kinnek vu Gott sengem Räich identifizéiere kann. Dës Detailer sollten op hien zoutreffen:
-
Vu Gott ausgewielt. „Ich selbst habe meinen König eingesetzt … Ich werde dir Völker als Erbe geben, die Enden der Erde als Besitz“ (Psalm 2:6, 8).
-
En Nokomme vum Kinnek David. „Uns ist ein Kind geboren worden, ein Sohn ist uns gegeben worden … Seine Herrschaft wird sich immer weiter ausdehnen und der Frieden wird endlos sein auf dem Thron Davids und in seinem Königreich. Durch Recht und Gerechtigkeit wird es gefestigt und gestützt“ (Jesaja 9:6, 7).
-
Zu Bethlehem gebuer. „Du Bethlehem-Ephratha, … aus dir wird für mich der hervorgehen, der Herrscher … sein soll … seine Größe … wird bis an die Enden der Erde reichen“ (Micha 5:2, 4).
-
Vu Mënschen ofgeleent an higeriicht. „Er wurde verachtet und bedeutete uns nichts. … er wurde für unsere Übertretung durchstochen. Für unsere Vergehen wurde er zerschlagen“ (Jesaja 53:3, 5).
-
Krut eng Operstéiung a gouf verherrlecht. „Du wirst mich nicht im Grab lassen. Du wirst den, der loyal zu dir steht, nicht die Grube sehen lassen. … In deiner Gegenwart herrscht unendliche Freude, an deiner rechten Seite ewiges Glück“ (Psalm 16:10, 11).
Jesus Christus – den ideale Kinnek
An der ganzer Mënschheetsgeschicht gouf et just eng Persoun, déi dem Idealbild vun engem Herrscher entsprach huet – Jesus Christus. En Engel huet dem Maria, Jesus senger Mamm, gesot: „Gott … gëtt him den Troun vu sengem Papp, dem David … a säi Kinnekräich kritt ni en Enn“ (Lukas 1:31-33, BFL).
Wéi Jesus op der Äerd gelieft huet, huet hien dës Roll als Herrscher awer nach net iwwerholl. Villméi sollt hie vum Himmel aus iwwer d’Mënsche regéieren. Firwat ass hien den idealen Herrscher? Kucke mir eis un, wat Jesus gemaach huet, wéi hien op der Äerd war.
-
Matthäus 9:36; Markus 10:16). E Mann, dee Lepra hat, huet Jesus gefrot: „Wann s du wëlls, kanns du mech rengegen.“ Vu Matleed beweegt huet Jesus hie geheelt (Markus 1:40-42, BFL).
Jesus louch eppes un de Mënschen. Jesus huet de Mënsche gehollef, egal ob Mann oder Fra, jonk oder al, aarm oder räich ( -
Jesus huet erkläert, wat Gott vun eis erwaart. Hie sot: „Dir kënnt net Gott an dem Räichtum déngen.“ Hie sot och, datt mir anerer esou solle behandelen, wéi mir selwer wëlle behandelt ginn – e Prinzip, deen och als gëlle Reegel bekannt ginn ass. Ausserdeem huet hie gewisen, datt Gott sech net nëmmen dofir interesséiert, wat mir maachen, mee och fir dat, wat mir denken a fillen. Fir Gott ze gefalen, musse mir also op eis Motiver an déifste Gefiller oppassen (Matthäus 5:28; 6:24, BFL; 7:12). Jesus huet verdäitlecht, datt mir nëmmen da wierklech glécklech sinn, wa mir wëssen, wat Gott vun eis erwaart a wa mir dat dann och maachen (Lukas 11:28).
-
Jesus huet eis geléiert, wat et heescht Léift ze weisen. Wat Jesus gesot a gemaach huet, huet seng Nolauschterer motivéiert an déif beréiert. „Wéi Jesus dës Ried ofgeschloss hat, waren d’Leit iwwert seng Léier verwonnert, well hie si wéi ee geléiert huet, deen Autoritéit huet“ (Matthäus 7:28, 29, BFL). Hien huet si geléiert: „Hutt är Feinde gär.“ Hien huet esouguer fir déi gebiet, déi Schold u sengem Doud waren: „Papp, verzei hinnen, well si wëssen net, wat si maachen“ (Matthäus 5:44; Lukas 23:34, BFL).
Jesus erfëllt all d’Viraussetzunge vun engem ideale Weltherrscher. Hien ass kapabel, zougänglech a fir anerer do. Mee wéini fänkt hien un ze regéieren?