Ass Jesus den ugekënnegte Messias?
D’Äntwert aus der Bibel
Jo. Wéi Jesus op der Äerd war, huet hie vill Prophezeiungen iwwer den „Messias, de Führer“ erfëllt, deen de „Retter vun der Welt“ géif sinn (Daniel 9:25; 1. Johannes 4:14). A souguer no sengem Doud, huet Jesus weiderhi Prophezeiungen erfëllt, déi beweisen, datt hien den ugekënnegte Messias war (Psalm 110:1; Apostelgeschichte 2:34-36).
Wat bedeit „Messias“?
Dat hebräescht Wuert Maschíach (Messias) an dat entspriechend griichescht Wuert Christós (Christus) bedeiten „Gesalbter“. „Jesus Christus“ bedeit also „Jesus, de Gesalbten“ oder „Jesus, de Messias“.
Oft ass a bibelescher Zäit eng Persoun gesalbt ginn, wa si eng méi héich Positioun krut. Et gouf dann Ueleg iwwer hire Kapp gegoss (3. Mose 8:12; 1. Samuel 16:13). Jesus gouf vu Gott als Messias agesat, eng Positioun mat grousser Autoritéit (Apostelgeschichte 2:36). Awer amplaz mat Ueleg, huet Gott hie mat hellegem Geescht gesalbt (Matthäus 3:16).
Ass et méiglech, datt sech d’Prophezeiungen iwwer de Messias u méi wéi enger Persoun erfëllen?
Nee. Esou wéi e Fangerofdrock just op eng Persoun passt, passt d’Erfëllung vun de bibelesche Prophezeiungen och just op ee Messias oder Christus. D’Bibel warnt eis nämlech, datt „falsch Messiassen a falsch Prophéiten optrieden an datt si grouss Zeechen a Wonner maachen, fir esouguer déi Auserwielten ierzeféieren, wann dat méiglech wier“ (Matthäus 24:24, BFL).
Kann et sinn, datt de Messias eréischt an der Zukunft kënnt?
Nee. D’Bibel huet virausgesot, datt de Messias en Nokomme vum Kinnek David vun Israel sollt sinn (Psalm 89:3, 4). Awer déi jüddesch Regëstere vum David sengen Nokomme si verluergaangen, warscheinlech 70 eiser Zäitrechnung a, wéi d’Réimer Jerusalem vernicht hunn. Vun do un, ka kee méi beweisen, datt hie vum Kinnek David senger Famill ofstaamt. Mee zu Jesus senger Zäit, gouf et dës Regësteren nach. A souguer seng Feinden hunn net a Fro gestallt, datt hien en Nokomme vum David war (Matthäus 22:41-46).
Wéivill Prophezeiungen iwwer de Messias ginn et an der Bibel?
Et ass net méiglech genee ze soen, wéivill Prophezeiungen et iwwer de Messias ginn. Esouguer eendeiteg Prophezeiungen, déi sech op de Messias bezéien, kann een op verschidden Aart a Weis zielen. A Jesaja 53:2-7 ginn zum Beispill, verschidden Eenzelheeten iwwer de Messias genannt. Muncher gesinn an dësem Text, all Detail als eng Prophezeiung fir sech. An anerer, gesinn doran eng eenzeg.
E puer Prophezeiungen iwwer de Messias, déi sech u Jesus erfëllt hunn
Prophezeiung |
Wou een se fënnt |
Erfëllung |
---|---|---|
Nokomme vum Abraham |
||
Nokomme vum Abraham sengem Jong, dem Isaak |
||
Aus dem israelittesche Stamm Juda |
||
Aus der Linn vum Kinnek David |
||
Vun enger Jongfra gebuer |
||
Zu Bethlehem gebuer |
||
Ass Immanuel b genannt ginn |
||
Kënnt aus einfache Verhältnesser |
||
Kleng Bouwe ginn no senger Gebuert ëmbruecht |
||
Aus Ägypten geruff |
||
Nazarener c genannt |
||
E Buet virgeschéckt |
||
29 eiser Zäitrechnung d zum Messias gesalbt |
||
Vu Gott als säi Jong unerkannt |
||
Äifer fir Gott säin Haus |
||
Priedeger vun der gudder Noriicht |
||
Säin Déngscht a Galiläa - e grousst Liicht |
||
Wonner gewierkt, wéi de Moses |
||
Gott seng Gedanke matgedeelt, wéi de Moses |
||
Krankheete vu ville geheelt |
||
D’Opmierksamkeet net op sech gelenkt |
||
Matleed mat deenen, déi gelidden hunn |
||
Gott seng Gerechtegkeet bekannt gemaach |
||
E wonnerbare Beroder |
||
Jehova säin Numm bekannt gemaach |
||
Gläichnesser benotzt |
||
E „Führer“ |
||
Vill hunn net un hie gegleeft |
||
E Steen, un deem een Ustouss hëlt |
||
Vu Mënsche verworf |
||
Ouni Grond gehaasst |
||
Triumphalen Amarsch a Jerusalem op engem Iesel |
||
Luef aus dem Mond vu Kanner |
||
Am Numm vu Jehova komm |
||
Vun engem gudde Frënd verroden |
||
Fir 30 Sëlwerstécker verroden e |
||
Vu Frënn verlooss |
||
Falsch Zeien hu géint hien ausgesot |
||
Roueg bliwwe géigeniwwer deenen, déi hien ugeklot hunn |
||
Ugespaut |
||
Gouf op de Kapp geschloen |
||
Ausgepeitscht |
||
Huet sech schloe gelooss |
||
D’Herrscher hu sech zesumme géint hie gestallt |
||
Mat Hänn a Féiss un de Poul geneelt |
||
Kleeder verloust |
||
Zu de Sënner gezielt |
||
Vernannt a verspott |
||
Fir Sënner gelidden |
||
Scheinbar vu Gott verlooss |
||
Krut Esseg a Gal ze drénken |
||
Kuerz virum Doud duuschtereg |
||
Huet säi Geescht Gott uvertraut |
||
Säi Liewen higinn |
||
D’Léisegeld bezuelt fir d’Sënn ewechzehuelen |
||
Schanken net gebrach |
||
Duerchstach |
||
Bei deene Räiche begruewen |
||
Vum Doud operstanen |
||
Verréider ersat |
||
Setzt sech u Gott seng riets Säit |
a D’Cyclopedia vu McClintock a Strong erkläert dozou: „Et ass zimmlech sécher, datt d’Regëstere vun de jüddesche Stämm a Familljen eréischt bei der Vernichtung vu Jerusalem (70 eiser Zäitrechnung) verluergaange sinn an net scho virdrun.“
b Den hebräeschen Numm Immanuel bedeit „Gott ass mat eis“ a beschreift passend Jesus seng Roll als Messias. Säi Liewen op der Äerd an alles, wat hie gemaach huet beweist, datt Gott sengen Ubieder hëlleft (Lukas 2:27-32; 7:12-16).
c Den Ausdrock „Nazarener“ kënnt warscheinlech vum hebräesche Wuert nézer, dat „Sproß“ bedeit.
d Méi Informatiounen zu der bibelescher Chronologie, déi op d’Komme vum Messias am Joer 29 eiser Zäitrechnung hiweist, fënnt een am Artikel „Wie in der Prophezeiung Daniels das Kommen des Messias vorausgesagt wird“.
e Dës Prophezeiung fënnt een am Buch Sacharja. Awer de Matthäus seet an der Bibel, datt se duerch de Prophéit Jeremia ugekënnegt gouf (Matthäus 27:9). Et gesäit aus, wéi wann d’Buch Jeremia heiansdo un éischter Plaz stoung an deem Deel vun der Bibel, deen och „d’Prophéiten“ genannt gouf (Lukas 24:44). Wann de Matthäus hei vum „Jeremia“ schwätzt, da bezitt hien sech warscheinlech op all déi Bicher, déi „d’Prophéiten“ genannt goufen. An dozou gehéiert och d’Buch Sacharja.