Wat ass de Sënn vum Liewen?
D’Äntwert aus der Bibel
Wann et ëm de Sënn vum Liewe geet, stellt ee sech Froe wéi: „Firwat si mir hei?“ „Huet mäi Liewen e Sënn?“ D’Bibel weist, de Sënn vum Liewe besteet doran, eng Frëndschaft mat Gott opzebauen. An der Bibel fënnt een e puer grondleeënd Tatsaachen:
Gott ass eise Schöpfer. D’Bibel seet: „Er [Gott] ist es, der uns gemacht hat“ (Psalm 100:3; Offenbarung 4:11).
Gott huet alles mat engem Zil, engem Zweck, erschafen, och eis (Jesaja 45:18).
Gott huet eis mat dem déiwe Wonsch erschafen, de Sënn vum Liewen ze verstoen (Matthäus 5:3). Hie suergt dofir, datt dëse Wonsch erfëllt gëtt (Psalm 145:16).
De Besoin, de Sënn vum Liewen ze verstoen, gëtt gedeckt, wann een eng Frëndschaft mat Gott opbaut. Fir muench ass d’Virstellung, e Frënd vu Gott ze sinn, wäit hirgeholl, awer d’Bibel encouragéiert eis: „Kommt méi no bei Gott, da kënnt hie méi no bei iech“ (Jakobus 4:8; 2:23, BFL).
Fir Gott säi Frënd ze ginn, muss een esou liewen, wéi hie sech d’Liewe fir eis virgestallt huet. D’Bibel dréckt dat esou aus: „Nimm Gott ernst und befolge seine Gebote! Das ist alles, worauf es für den Menschen ankommt“ (Prediger 12:13, Die Bibel in heutigem Deutsch).
Gott seng Frënn – Mënschen, déi Gott déngen an dat maachen, wat him gefält – kënnen an der Zukunft a vollem Ausmooss erliewen, wat hien u sech fir d’Mënsche virhat: éiweg liewen, an dat ouni Ängschten a Suergen (Psalm 37:10, 11).